Koch und Backrezepte
Spritzgebäck
Ët brauch een:
- 250 g Botter
- 180 g Hunnëg
- 4 Eër
- 480 g Miél
- 1 Päckelchen Vanillezocker
De Botter an den Hunnëg scheimeg réieren,d’Eër no an no derbäi gin an duerno d’Miél ameléieren. Mat enger Stärentüll op de Blech opsprëtzen a bei 170 °C 8-10 Minutte laang bake loossen.
Kanéilsdeeg fir auszestiéchen
Ët brauch een:
- 250 g Botter
- 200 g Hunnëg
- 200 g gemuele Mandelen
- 480 g Miél
- 2 Eër
- Kanéil
- Zitroun
De Botter,den Hunnëg an d’Mandelen scheimeg réieren,dann d’Eër no an no derbäi gin,duerno d’Zitroun an zum Schluss d’Miél an de Kanéil . Den Deeg kaal stellen,dann ausrullen a mat verschiddene Formen ausstiéchen.Bei 170 °C 8-10 Minutte laang bake loossen.
Hiefdeeg
Ët brauch een (Deeg fir 2 Formen à 26 cm Duerchmeesser):
- 40 g Hiéf
- 130 g Mëllech
- 100 g Botter
- 100 g Hunnëg
- 2 Eër
- 8 g Salz
- 450 g Miél
D’Hiéf gët an der Mëllech opgeléist ; déi restlech Saachen derbäi gin an vermëschen. Den Deeg gët gutt duerchgekniét an dann eng ½ Stonn op enger killer Plaz raschte gelooss.
Opgepasst: Hiéfdeeg mat Hunnëg fiérwt ganz séier – dofir d’Temperatur nët ze héig maachen!
Dësen Deeg eegent sech ganz gutt fir Taarten auszeleën , mee och fir Schneckekuch,Roséngekuch,Trëtzen an Bienenstich
Bienenstich
Belag fir de Bienenstich:
- 60 g Botter
- 70 g Hunnëg
- 120 g Mandelen
- 2 EL Rahm
De Belag gët op den Deeg gestrach an bei 160 Grad ongeféier 20 bis 25 Minutte bake gelooss.
Hunnegbotter
- 100g Botter
- 4EL Hunnëg
Alles gutt vermëschen an nees kaal stellen . Dëse Botter schmaacht gutt op Zwieback,Kuch oder Toast.
Orangekuch
Et brauch een fir eng Form vun 24 cm Duerchmeesser :
- 250 g mëlle Botter
- 150 g flëssegen Hunnëg
- 4 Eër
- 1 Päckelchen Vanillezocker
- 300 g Miél
- 1 Päckelchen Bakpolver (Reinweinstein)
Fir iwwert de fäerdege Kuch: 2 ausgepressten Orangen mat 3 EL. Hunnëg (waarm maachen).
De Botter an den Hunnëg scheimeg réieren . D’Eër an de Vanillezocker derbäi gin . Zum Schluss d’Miél an de Bakpolver drënner mëschen . D’Form schmiren a mat Miél stëbsen (oder mat Bakpabeier ausleën) . Den Deeg an d’Form fëllen . 40 Minutte laang bei 180 Grad Celsius baken . Déi waarm Orangen-Hunnëgglasur iwwert de fäerdege Kuch drëpsen .
Kéistaart
Deeg fir eng Form vun 24 cm Duerchmeesser:
- 80 g mëlle Botter
- 80 g Hunnëg
- 1 Ee
- 220 g Miél
De Botter an den Hunnëg scheimeg réieren. D’Ee derbäi gin an zum Schluss d’Miél drënner mëschen. Den Deeg ë puer Stonne kal stellen. Duerno d’Form schmiren,den ausgerullten Deeg dra leën an ë puermol mat der Forschett dra picken. Dat ganzt 12 Minutte bei 200 Grad Celsius virbaken.
Fir de Belag brauch een:
- 100 g Roséngen
- 2 EL Rum (d’Roséngen 2 Stonne laang am waarme Rum zéie loossen)
- 500 g wäisse Kéis
- 140 g Hunnëg
- 4 Eër (trennen)
- 100 g Botter (flësseg)
- 60 g Miél
- 1 Päckelchen Vanillezocker
De Kéis,‘t halschent vum Hunnëg,déi 4 Eegiél an de Vanillezocker an eng Schossel man a gutt duerchréieren. Duerno de flëssege Botter mam Schnéibiesem an d’Kéismass réieren,dann d’Miél dra siwten, duerchréieren an zum Schluss déi ageweechten Roséngen derbäi gin. D’Eewäiss mat der halschent vum Hunnëg zu Schnéi schloën,de Schnéi virsichteg ënnert d’Mass hiéwen,dat ganzt an d’Form fëllen a bei 150 – 160 (maximum) Grad Celsius 50 Minutte laang baken. D’Taart ofkille loossen a mat Stëbszocker pudderen.
Flan
- 2EL Puddingpolver
- ¼ l Mëllech
- 2EL Rahm
- 3EL Hunnëg
- 4 Eër
- 1 Päckelchen Vanillezocker
De Puddingpolver an der Mëllech opléisen . Duerno alles zesummen na enger Schossel mam Schnéibiésem gutt vermëschen (mee nët klappen !) , an eng feierfest Form schëdden an bei 170 Grad 1 Stonn laang baken. N.B.:Ët kann een d’Form och ganz dënn mat Zockerdeeg ausleën éiert een de Flan draschëtt .
