
Den Beieveräin Kanton Dikrich a.s.b.l. invitéiert Iech häerzlech op den Nationalen Beiendag an der Neier Akerbauschoul zu Gilsdref.
Sonndes den 22ten Oktober 2023 vun 9.00-15.00 Auer
Mat engem besonnesch liewegen an pragmateschen Programm probéieren mir, souwuel di nei Beienziichter sou wéi och di “al Huesen” unzeschwätzen.
8.30 Kaffi & Croissant
9.00 Subventiounen fir Beienziichter & neit Agrargesetz – Pol Petry, ASTA
10.00 Verschidden Atelier‘ (Dir kënnt um 10.00 an um 11.30 Auer jeweils 1 matmaachen)
- Varroastadien am Binokular kuken & erkennen – Nicolas Josselin
- Qualitéitscontroll an Glucoseoxidase-Check vun ärem eegenen Hunneg – Marieanne Zeldenrust
- Wéi gëtt d‘Thema Beien konkret am Nordtstadlycée ugaangen – NOSL
- Hunneg schmaachen a bewäerten – Andreas Reichart
11.00 Beienallergie an Desensibiliséierungstherapie – Dr. François Hentges, CHL
11.30 Verschidden Atelier‘ (zweet Ronn)
12.30 Apero & Iessen
14.00 AOP Marque Nationale Lëtzebuerger Hunneg, Bilan 1. Joer – Hunneggenossenschaft
15.00 Ofschloss & Visite guidée Nei Ackerbauschoul
Niewelanscht kënnt Dir och nach ären eegenen Refraktometer testen, wat jo mat der Neier Marque Nationale méi wichteg gëtt wéi fréier.
Mellt Iech wgl fir d’Iessen op www.beien.lu un wou Dir och den Menü vum Dag fannt. D’Iwwerweisung vun 48€ op den CCPL LU08 1111 0409 6733 0000 muss bis den 6. Oktober gemaach sinn.
Mir freeën eis ewell fir Iech do ze gesinn!
Beieveräin Kanton Dikrich, a.s.b.l.