Denn Drohneclub vum Beieveräin Iechternach lued all Intressenten op een Virtrag an. Vun der Wab an d‘Glas. Ënnert dësem Moto gëtt den Beieberooder Andreas Reichart Erklärungen wéi an wann een säin Hunneg Schleidert. Och beaarbechten vum Hunneg ass een ganz Wichtegen Aspekt deen een net op déi liicht Schëller soll huelen. De Client well Hunneg deen optimal ass. Cremeg an net ze haart.
Déi Aktivitéit wäert 4 Stonnen daueren. Mir maachen um 12 Auer eng Paus vun enger halwer Stonn. De Beieveräin Iechternach suergt fir d’Iessen (Bréidercher) an Gedrénks. Dir musst Iech umellen fir dass mer eis kennen Organiséieren per Mail un de Paul Koedinger Schluss vun där Versammlung wäert esou géint 14.30 Auer sinn.
Umellen bis den 4. Januar 2023. w.e.gl.